Réckbléck: Oktoberfest Intercercle 2023

Gestart huet eisen Intercercle den Donneschde mat engem Wëllkommpatt an der Klenze. Do konnte mir op ee flotte Weekend ustoussen an eis fir den nächsten Dag prêt maachen. Dësen huet direkt moies fréi ugefaange! Am Dirndl a Lederhose hu mir eis um Oktoberfest getraff, wou och kee Béier ze kuerz komm ass 🍻 De leschten Dag konnte mir no engem erhuelsame Brunch eng Stadrallye duerch München maachen. Mir soen all deenen, déi do ware Merci an hoffen dir konnt Iech gutt amuséieren🥳