Réckbléck: Fouer-Stammdësch

Als kleng Virbereedung fir dat grousst Oktoberfest war dëst Joer och erëm d’Generalprouf um Fouerstammdësch. 🎡 Um 20 Auer hu mir eis beim Grénge-Spill getraff wou mir deen éischte Patt gedronk hunn. 🍻 Dono hu mir ee klengen Tour iwwert de Glacis gemaach a sinn dunn am Stall gelant wou mir den Owend ausklénge gelooss hunn. 🕺Eis huet och gefreet dass puer Erstis eis Moie soe komm sinn. Als nächst um Programm steet dann elo den Oktoberfest-Intercercle.