De neien LSM-Comité 2023/2024

Däerfe mer virstellen: Den LSM-Comité 2023/2024 🥨

De 24. Juni gouf op eiser AG den neie Comité gewielt: https://lsm.lu/den-lsm/comite/

Och wann mir dëst Joer nëmmen zu 8 sinn, si mir ëmsou méi motivéiert a kënnen et kaum erwaarden iech all eis kommend Eventer an Aktivitéiten unzekënnegen. Mir hoffen dir freet iech genau sou vill op dat neit Comités-Joer wei mir! 🍻

Niewent der Organisatioun vun Eventer sti mir natierlech och vir allméiglech Froe ronderëm de Studium oder d’Studenteliewen zu München zur Verfügung. Dir kënnt eis einfach kontaktéieren andeems der eis op Social-Media schreift oder eng Email schéckt. 📧

Bis hoffentlech geschwënn,
Ären LSM-Comité 💙