Réckbléck: Summerrees op Verona

Dëst Joer ass et fir eis Summerrees a bella Italia 🇮🇹, méi genau op Verona gaangen, wou mir zu 24 motivéiert LSM’er 4 flott Deeg zesumme verbruecht hunn. 🌞

Ugefaangen huet dat ganzt Donneschdes Moies hei zu München wou mir all zesummen de Bus bis op Verona geholl hunn. 🚌 Wéi mer dunn Mëttes ukomm sinn, ass et fir d’Éischt an den Hostel gaangen, éier mer dunn all zesummen Owes eng lecker Pizza iesse gaange sinn. Dono ass et dunn mat engem Pubcrawl weidergaange wou mer puer Baren a Verona konnten entdecken a genuch Aperol gedronk hunn. 🥂

Freides ass et dunn mam Zuch op Venedeg gaangen, wou mir de ganzen Dag déi wonnerschéi Lagunenstadt besiche konnten. Mëttes hunn mer dunn all zesummen eng Visitte vum Dogenpalast gemaach a sinn Owes zesummen iesse gaangen, éier et erëm op Verona an den Hostel gaangen ass. 🛶

Samschdes Moies hunn mer den Dag mat enger kultureller Visitte vun der Arena zu Verona gestart, eier et dunn Mëttes op den Hightlight vum Dag gaangen ass: De Wäintasting. 🍷 Heifir si mir mam Bus bëssen ausserhalb vu Verona gefuer, wou mir no enger klenger Visitte vun de Riewen an der Wäinproduktioun, 5 verschidde Wäiner schmaache konnten. Owes si mer dunn nach all zesummen zu Verona an de Club gaangen. 💃

Sonndes, um leschten Dag vun eiser Rees, ass et dunn fir eis alleguerten op de Gardasee gaangen éier et dunn am Nomëtten erëm mam Bus zeréck op München gaangen ass. 🏖️ Op der Heemrees gouf dunn och nach den Yann Windeshausen zu eisem Ersti-vum-Joer gewielt. 👑

Mir soe Merci fir déi flott 4 Deeg a freeën eis schonn op déi nächst Summerrees. 👐

Äre Comité 💙