Réckbléck: Münchner Bal 2023

Och dëst Joer huet erëm um Ouschtersonndeg eisen traditionelle Münchner Bal stattfonnt. Eng ronn 1000 Leit hunn dofir den 9. Abrëll de Wee an de Melusina fonnt, fir déi flott Stëmmung, de gudde Münchner Béier an eise Blue-Seppl Shot ze genéissen. 🍻 Fir déi gutt Stëmmung huet och dëst Joer erëm den DJ Nosi gesuergt. 💃

De Bal war insgesamt en decken Erfolleg: Mir ware sold-out an de Béier ass a Stréim gefloss. 🎫 Dofir och en decke Merci un all eis Helfer a Premium-Helfer, déi den Owend sëlwer a beim Op- an Ofriichte ganz vill gehollef hunn. Ouni si wier dat ganzt net méiglech gewiescht. 👏

📸 D‘ Fotoe vum Owend fannt der op RTL.lu: https://www.rtl.lu/lifestyle/news/a/2050569.html

Villmools Merci un jiddereen, deen op de Bal komm ass, a mir hoffen iech d‘ nächst Joer alleguer rëm ze gesinn! 💙