Réckbléck: Starkbierfest 2023

Och dëst Joer war den LSM nees mat 30 vu senge Memberen um Starkbierfest. An der Truecht ass et fir eis de 17. Mäerz op den Nockherberg gaangen, wou mir dee ganzen Owend laang dat gutt Münchener Starkbier bei flotter Ambiance genéisse konnten. 🍻 Spéitstens nom zweete Maß stounge mir dunn och all zesummen op de Bänken an hunn zu der flotter Musek gedanzt, bis mer Owes spéit mat genuch Promill am Blutt heemgaange sinn. 💃

Och wann d’Starkbierfest mëttlerweil eriwwer ass, musse mer net laang op dat nächst grousst Münchener Volleksfest waarden, wëll schon dëse Weekend fänkt d’Frühlingsfest erëm un. 💙