Réckbléck: REEL 2022

Och den LSM war dëst Joer gutt ob der REEL ’22 vertrueden. 12 LSM-Memberen hunn mat ca. 120 anere lëtzebuergesche Studenten aus ganz Europa vum 29. September bis den 2. Oktober de Wee op Karlsruhe an Heidelberg fonnt.

Ugefaangen huet dat ganzt Donneschdes Moies zu Karlsruhe mat den ACEL Workshops a mat engem Rallye Mëttes duerch ganz Karlsruhe. Owes ass et dunn vir d’Soirée Publique an de Club gaangen. 🕺

Freides ass et dunn weidergaange mat Visiten vun z.B. dem Heidelberger Schlass, Körperwelten oder Hockenheimring. Mëttes stoungen dunn Partnervirträg um Programm ier et dunn Owes op d’Soirée Privée gaangen ass.

Samschdes war de politeschen Dag vun der REEL mat héijem Besuch vun ënner anerem dem Ierfgroussherzog Guillaume, dem Aarbechts-Minister Här Georges Engel an dem Educatiouns-Minister Här Claude Meisch. Ugefaangen huet dat ganzt Moies mat engem Monologe vum Här Engel ier dunn den Ierfgroussherzog vir d’Mëttegiesse komm ass 🍽. Mëttes ass et dunn weider gaange mat der Table Ronde mam Thema „Bachelor Inflatioun – Wat ass mäin Diplom nach wäert“. Owes hunn mer dunn all zesummen den Dag op der Soirée-Chique ausklénge gelooss a gutt gefeiert.

Um leschten Dag si mer dunn no engem laangen Owend all zesumme Brunche gaangen. Mëttes goufen et dunn nach verschidde Visitte vum Technik-Museum Sinsheim oder enger Brauerei oder et ass an d’Schwemm gaangen. 🏊‍♀️

Mir soen dem ganze REELs-Comité(e) en decke Merci vir déi ganz Organisatioun an freeën eis schonn op déi nächst REEL an engem Joer.

Ären LSM-Comité 💙