Zum Inhalt springen

Mai 2022

Réckbléck: LSWü Intercercle

Den 13. Mee huet sech en Deel vum LSM op de Wee gemaach, fir de LSWü op hirem mëttlerweil 2. Intercercle ze ënnerstëtzen. Begréisst goufe mir mat engem Weintasting vum Julius Spital, wou een dat eent oder anert vum lokale Wäin léieren a schmaache konnt. Dorops hin ass et lass gaange mat enger Stadrallye, wou et quer duerch den Zentrum gaangen ass, an di verschiddensten Aufgabe léise misst. Hei huet de LSM wierklech alles ginn, fir um Enn um Siegerträppchen ze stoen, wat sech géint… Weiterlesen »Réckbléck: LSWü Intercercle

Réckbléck: LSM Anniversaire 20 Joer

De 15. Abrëll huet de LSM seng offiziell 20 Joer gefeiert, dat an der Big Beer Company an de Klausen. Fir dëst ze erméiglechen, hunn sech e puer motivéiert Ex-Presien zesumme gesat, an hir Fühleren an all Richtungen ausgestreckt, fir sou vill wéi méiglech (Ex)-LSM Memberen ze fannen an ze invitéieren. Um Owend selwer hate mir dann och en gesonde Mix vun Oldies aus de verschiddenste Joergäng. Sou hunn sech vill bekannt Gesiichter rëm fonnt, an awer och deen een oder aneren neie Kontakt ass… Weiterlesen »Réckbléck: LSM Anniversaire 20 Joer