Zum Inhalt springen

Juli 2018

Réckbléck: Grillen um Flaucher 2018

  •  

Wéi all Joer gouf et och dëst Joer erëm eist traditionellt Event Grillen um Flaucher, bei dem den neie Comité seng Organisatiounskënscht fir eng éischte Kéier ënner Beweis stelle konnt. Wei och déi lescht Jore gouf och hei déi nei Memberskaart fir d´Joer 2018/19 ugebueden. Bei extrem guddem Wieder ass dann och well am Mëtteg lassgeluecht gi mat e puer Partie Beerpong a Flunky Ball. De kale Béier a Wäin hunn natierlech nëmme positiv zur allgemenger Stëmmung bäigedroen. Géinter Owend hunn mer dunn och de Grill ugefaangen, an eis Membere konnte sech decidéieren tëscht Thüringer, Kéiswurschten, Halloumi an natierlech… Weiterlesen »Réckbléck: Grillen um Flaucher 2018

Réckbléck: Assemblée Générale 2018

  •  

E Samschden 9. Juni haten d‘Lëtzebuerger Studenten vu München erëm hier alljäerlech Assemblée Générale. Dëst Joer sinn d’Memberen an d’Paulaner Bräuhaus invitéiert gi fir do bei der Versammlung deelzehuelen a gutt ze drénken an ze iessen. Den Owend huet domat ugefaangen dass den ale Comité ee Réckbléck vum vergaangene Joer gemaach. All Evenementer goufen en Revue passéiert, vum Grillen um Flaucher iwwert d’Chrëschtfeier bis bei de leschte Fräibéier. No dem Réckbléck waren dunn eis Éieregäscht vun der ACEL an der ANEIL un der Réi fir… Weiterlesen »Réckbléck: Assemblée Générale 2018

Réckbléck: Summerrees op Prag

  •  

En Donneschden Moien ass et um 7 Auer Moies um Gare zu München lassgaangen. Nach net ganz wakresch sinn mer dunn an den Bus geklommen an dem mer 5 Stonnen mat gudder Laun verbruecht hunn. Leider ass op der Rees selwer scho en klengen Accident op enger Raststädt geschitt an et huet een sech um Fouss wéigedoe. Dat konnt awer keen dovunner ofhalen nach flott puer Deeg zu Prag ze verbréngen. Soubal mer zu Prag an eiser Jugendherberg ukomm sinn, ass et scho lassgaangen mat engem flotten Vëlostuer. Dobäi hunn mer wierklech vill vun der Stad gesinn an… Weiterlesen »Réckbléck: Summerrees op Prag