Réckbléck: Grillen um Flaucher 2018

Wéi all Joer gouf et och dëst Joer erëm eist traditionellt Event Grillen um Flaucher, bei dem den neie Comité seng Organisatiounskënscht fir eng éischte Kéier ënner Beweis stelle konnt. Wei och déi lescht Jore gouf och hei déi nei Memberskaart fir d´Joer 2018/19 ugebueden. Bei extrem guddem Wieder ass dann och well am Mëtteg lassgeluecht gi mat e puer Partie Beerpong a Flunky Ball. De kale Béier a Wäin hunn natierlech nëmme positiv zur allgemenger Stëmmung bäigedroen. Géinter Owend hunn mer dunn och de Grill ugefaangen, an eis Membere konnte sech decidéieren tëscht Thüringer, Kéiswurschten, Halloumi an natierlech Mettwurschten aus der Heemecht.

Réischt spéit an der Nuecht ass et dunn déi lescht Ronn ginn, an natierlech konnt den LSM erëm op d’Hëllef vun hire Memberen zielen, fir eist ganzt Equipement nees sécher Heem ze bréngen. Mir soen nach eng kéier villmools Merci un jiddereen deen zu dësem flotten Owend bäigedroen huet an hoffen dat dier genausou vill Spaass hat ewéi mir.