Zum Inhalt springen

Oktober 2017

Réckbléck: Oktoberfest Intercercle 2017

  •  

Mëttlerweil scho fir déi 3. Kéier huet den LSM op seng Oktoberfest-Intercercle op München invitéiert. Dëst Joer hu sech déi Münchner rem mat de Studenten aus méi wéi 12 verschiddene Studentecerclen zesummefonnt, fir gemeinsam um weltberühmten Oktoberfest ze feieren! D’Intercercle, déi um leschte Weekend vum Oktoberfest war, also vum 28.09 bis den 30.09 huet Donneschdes Owes mat engem gemittleche Patt an der Klenze17, de Münchner hirem Stammlokal, wou se all Woch hire Stammdësch hunn, ugefaang. Weider gaangen ass et dunn direkt Freides moies, wou mir eis schonn um 8 Auer Rendez-vous ginn haten, fir ganz vir… Weiterlesen »Réckbléck: Oktoberfest Intercercle 2017

Réckbléck: REEL 2017 zu Köln a Bonn

  •  

Déi Deeg vum 21. bis de 24. September war et erëm sou wäit an d’traditionell REEL stoung nees virun der Dier. KOBO war den Titel vun der REEL 2017, well se dës Kéier souwuel zu Köln wi och zu Bonn stadt fonnt huet. D‘REEL bitt eng Plattform, wou sech 120 lëtzebuergesch Studenten aus de verschiddensten europäesche Stied zesumme fanne fir sech auszetauschen an iwwer d’aktuell Héichschoulpolitik ze diskutéieren. Den LSM war dës Joer och mat enger Delegatioun vun 8 Leit vertrueden. Donneschdes Moies huet dat ganzt mat 4 Workshops ugefaangen, déi vun der ACEL organiséiert… Weiterlesen »Réckbléck: REEL 2017 zu Köln a Bonn