Réckbléck: Oktoberfest Intercercle 2017

Mëttlerweil scho fir déi 3. Kéier huet den LSM op seng Oktoberfest-Intercercle op München invitéiert. Dëst Joer hu sech déi Münchner rem mat de Studenten aus méi wéi 12 verschiddene Studentecerclen zesummefonnt, fir gemeinsam um weltberühmten Oktoberfest ze feieren!

D’Intercercle, déi um leschte Weekend vum Oktoberfest war, also vum 28.09 bis den 30.09 huet Donneschdes Owes mat engem gemittleche Patt an der Klenze17, de Münchner hirem Stammlokal, wou se all Woch hire Stammdësch hunn, ugefaang.

Weider gaangen ass et dunn direkt Freides moies, wou mir eis schonn um 8 Auer Rendez-vous ginn haten, fir ganz vir bei der Entrée vum Festgelänn ze stoen, wou mir dunn um 9 Auer eragelooss goufen. Virum Hacker-Pschorr Festzelt (Himmel der Bayern) hu mir eis dunn an zwou Gruppen opgedeelt, fir méiglechst vill Dëscher am Zelt ze kréien.

Voller Elan a Motivatioun hunn do also 100 Studenten zesumme gefeiert, op de Bänke gedanzt an och déi eng oder aner Maß gedronk. Bis um 11 Auer, wou d’Zelter zoumaachen, si mir net heem gaangen an och dono war en Deel vun eis net ze stoppen! After-Wiesn Party war ugesot, wou bis spéit an d’Nuecht eragefeiert gouf!

Samschdes hu mir dunn d’Intercercle mat engem gemittlechen, awer och stëmmungsvollen Iessen am Löwenbräukeller ofgeschloss. Deen een oder aneren hat awer nach ëmmer net genuch an huet d’Münchener Nuetsliewen nach e bëssen onsécher gemaach.

Domat kënne mir just Merci soe fir déi amüsant 3 Deeg zu München a freeën eis schonn iech all d’nächst Joer op eiser traditioneller Intercercle erëmzegesinn, wann et op de Wiesn nees heescht „O’zapft is!“.