Säit gëschter ass  eisen neie Site online. Deen alen war jo scho bëssen an d’Joere komm.

siteNei Features sinn:

  • Responsive design : dir kennt de Site um Handy, Tablet, PC, …. opruffen
  • Log in – System : all LSM-Member soll sech um Site een Konto machen, dee brauch een dann spéider fir d‘
  • Online-Umellung : fir all zukünfteg Aktivitéiten (ab dem Welcome-Day) wäert d’Umeldung online goen. Eng genau Beschreiwung wéi dat fonktionnéiert kennt dann wann et sou wäit ass. Wichteg ass dat dir ären richtegen Numm an ärem Profil androot.
  • Facebook+Site : de Seppl wäert alles wat um Site gepost gëtt automatesch op seng Facebook-Säit deelen (awer net an d’LSM-Grupp, also kritt der do kee Spam 🙂 )

an Zukunft:

  • Nei Rubrik „Virgestallt“ : Fir zukünftege Studenten eng besser Iddi ze ginn, wéi d’Studenteliewen zu München ausgesäit, wellen mir Vertrieder vun e puer verschiddenen Studiengäng a schrëftlecher Interview-Form ob eiser Homepage virstellen. Mir hoffen dat do puer Leit bereet wäeren dat mat ze maachen.

 

Solls du Froen oder Verbesserungsvirschléi hunn, Fehler um Site fannen oder eppes hunn wat nach onbedéngt op den Site misst, dann schreif eis dat iwwert de Kontakt ran. Merci! Ech hoffen de Site gefällt iech.

Paul Thillen, LSM-Webmaster

PS: ech géiff mech iwwer Feedback freeën!