Zum Inhalt springen

September 2015

Welcome Day

  •  

Gläich fänkt d’Semester nees un a mam neie Semester kommen och nei Studenten op München, déi den LSM den 24.10 häerzlech op den Welcome Day invitéiere well, fir hinnen d’Studenteliewe méi no ze bréngen. De Comité invitéiert all d’Erstien fir mat hinnen um 10 Auer an den Augustiner Bürgerheim iessen ze goen, wou si sech ënnereneen kenneléieren kënnen. Et besteet de Choix tëscht engem bayreschen, engem internationalen an engem vegetaresche Brunch. Dono gëtt et en Rallye fir all Memberen vum LSM duecht d’Stad. Dëse fänkt um 13:30 Auer um Odeonsplatz un. Owes… Weiterlesen »Welcome Day

O’zapft is – Wiesn Know-How

  •  

Haut ass et dann souwäit, dat 182. Oktoberfest gëtt op der Theresienwiese mat dem traditionellen Anstich vum éischten Béierfaass eröffnet! Mir organiséieren dëst Joer fir d’éischt eng Intercercle um Oktoberfest  an dofir hei en klengen Guide mat Saachen déi een fir d’Oktoberfest wëssen muss. Fir all déi déi fir d’éischt Kéier um Oktoberfest bzw. zu München sinn. Vill Spaass beim Kucken! Dann nach 10 Saachen, déi een NET maachen soll. En aneren Mysterium aus der Wiesn-Zäit, nämlech wat d’Positioun  vun der Schläif um Dirndl iwwert d’Meedchen ausseet wëllen mer… Weiterlesen »O’zapft is – Wiesn Know-How

Login / Registréirung

  •  

Opgrond vun engem technesche Problem, mussen all d’Leit déi sech tëschent dem 5.9 12:00 an dem 7.9 10:00 registréiert hunn dat nach eng Kéier maachen. Sorry dofir! Dat kënnt natierlech an Zukunft net méi vir. Den Email-System gouf och lo sou geännert, dass d’Registréirungsemailen net méi am Spam-Ordner landen. Fir iech ze registréire muss der op der Login Säit ënnen op “Registrieren” drécken. Sot Bescheed falls et een Problem gëtt. Merci fir äert Verständnis!

Neien Site

  •  

Säit gëschter ass  eisen neie Site online. Deen alen war jo scho bëssen an d’Joere komm. Nei Features sinn: Responsive design : dir kennt de Site um Handy, Tablet, PC, …. opruffen Log in – System : all LSM-Member soll sech um Site een Konto machen, dee brauch een dann spéider fir d’ Online-Umellung : fir all zukünfteg Aktivitéiten (ab dem Welcome-Day) wäert d’Umeldung online goen. Eng genau Beschreiwung wéi dat fonktionnéiert kennt dann wann et sou wäit ass. Wichteg ass dat dir ären richtegen… Weiterlesen »Neien Site