Gläich fänkt d’Semester nees un a mam neie Semester kommen och nei Studenten op München, déi den LSM den 24.10 häerzlech op den Welcome Day invitéiere well, fir hinnen d’Studenteliewe méi no ze bréngen.
welcome_day
Welcome Day 2014
De Comité invitéiert all d’Erstien fir mat hinnen um 10 Auer an den Augustiner Bürgerheim iessen ze goen, wou si sech ënnereneen kenneléieren kënnen. Et besteet de Choix tëscht engem bayreschen, engem internationalen an engem vegetaresche Brunch.
Dono gëtt et en Rallye fir all Memberen vum LSM duecht d’Stad. Dëse fänkt um 13:30 Auer um Odeonsplatz un.
Owes um 19:30 Auer gëtt et dann e Buffet an der Villa Flora.
D’Participatioun läit bei 15€. Umellen kann een sech op der Eventsäit fir 3 verschidden Formulen:
  • Formule 1: Brunch, Rallye & Iessen (just fir Erstien)
  • Formule 2: Rallye & Iessen
  • Formule 3: Just Iessen
Wéi mellen ech mech fir eng Aktivitéit vum LSM un? howToUmellung