Tournoi de Noël: Dag 1 (Basketball & Volleyball)

Déi lescht zwee Deeg war et da souwäit: d’Lëtzebuerger Studenten hunn sech kuerz viru Chrëschtdag getraff an de Sportshalen um Geesseknäppche getraff, fir ze bestëmme ween a sportlecher Hisiicht dee beschten ass.

IMG_0045IMG_0047

 

 

 

 

 

 

Den Ufank maachen dierften densdes eis Basket- a Volleyballspiller.

Am Volleyball hate mir leider fir d’Qualifikatiounsphase eng staark Grupp mat ënner anerem dem Schlussgewënner Oochen erwescht a misste mëttes an der leschter Pool untrieden. Hei ware mir awer déi bescht vun deene schlechten a koumen domat op déi 17 Plaatz vun 20 Equipen.

Am Basket war d’Spannung scho moies ganz héich well no Victoirë géint Tréier a Bréissel an enger knapper Néierlag géint Heidelberg ware mir punktgläich mat Tréier. Duerch de gewonnen direkte Vergläich mat Tréier konnte mir eis awer déi éischt Plaatz a soumat d’Qualifikatioun fir d’Finalronn sécheren.

An der Finalronn war den Niveau dunn mat Géigner vun Oochen, Köln an der uni.lu deementspriechend méi héich. Eis Jongen hunn gutt matgespillt missten awer d’Klass vun deenen aneren unerkennen a koumen sou schlussendlech op déi gutt 4. Plaatz. Felicitatiounen!

Merci un all eis Supporten a virun allem déi déi matgespillt hunn!

Resultater Volleyball

Resultater Basketball