Zum Inhalt springen

reckbleck

Réckbléck: LSM Anniversaire 20 Joer

De 15. Abrëll huet de LSM seng offiziell 20 Joer gefeiert, dat an der Big Beer Company an de Klausen. Fir dëst ze erméiglechen, hunn sech e puer motivéiert Ex-Presien zesumme gesat, an hir Fühleren an all Richtungen ausgestreckt, fir sou vill wéi méiglech (Ex)-LSM Memberen ze fannen an ze invitéieren. Um Owend selwer hate mir dann och en gesonde Mix vun Oldies aus de verschiddenste Joergäng. Sou hunn sech vill bekannt Gesiichter rëm fonnt, an awer och deen een oder aneren neie Kontakt ass… Weiterlesen »Réckbléck: LSM Anniversaire 20 Joer

Réckbléck: Münchner Bal 2022

No 2 Joer Paus konnte mir um Ouschtersonndeg endlech rëm de Münchner Bal am Melusina feieren! An d’Motivatioun war definitiv do, wat een engersäits un den Ticketen erkannt huet, déi ganz schnell ausverkaf waren, an anersäits um spektakuläre Béierkonsum, dee souguer eis iwwerrascht huet! Fir déi mega Stëmmung huet och den DJ Nosi gesuergt, dee bis spéit an den Owend eis Ouere mat engem decke Bass begléckt huet. Mir soe villmools Merci un all eis Helfer, déi eis um Owend selwer wierklech ganz vill gehollef hunn, an natierlech jiddereen, den op eise Bal komm ass, a mir hoffen, iech nächst… Weiterlesen »Réckbléck: Münchner Bal 2022

Réckbléck: Christmas Crawl 2021

  •  

Leschte Freiden huet de Christmas Crawl als Alternativ vun der Chrëschtfeier stattfonnt, déi jo huet misse wéinst de Corona-Mesuren a Bayern ofgesot ginn. An Gruppe vu bis zu 17 Leit konnten an engem Roulement 4 verschidde Wunnengen besicht ginn, mat jeeweils hirer eegener Thematik, wei z.b. am Stall bei de Rendéieren, bei den Engelen, oder beim Kleeschen an dem Houseker. Beim Kleesche gouf et dann och fir jiddereen ee Cadeau an en Shot, natierlech nëmmen, wann virdru fir de Kleesche gesonge gouf. Fir den Duuscht ze läsche gouf och gesuergt, dat mat genügend Glühwäin, Schocki mat Baileys an sou munche weideren Optiounen. Mat selwer gebake Kichelcher oder mat Brezen ass och fir de klengen Honger eppes dobäi gewiescht. De Kleeschen huet dann och verroden, wou d’Summerrees nächste Summer hi geet, an zwar op Malta! Zousätzlech hu mer wéi all Joer em… Weiterlesen »Réckbléck: Christmas Crawl 2021