Réckbléck: Ersti-Pubcrawl 2021

Den 21. Oktober haten mir eist éischt Event fir dëst Wantersemester, den Ersti-Pubcrawl. Jiddereen, deen nei zu München ass, war agelueden, an hat déi éischt Méiglechkeet, déi aner Erstien, an den Comité, kennen ze léieren. D’Erstien hunn sech zesummen mam Comité um Odeonsplatz getraff, an opgedeelt an 4 Gruppen à 9 Erstien an 2 Comité-Memberen hunn se sech dann op den Wee gemaach, fir déi verschidden Caféen zu München ze entdecken. Den Pubcrawl gouf mat engem klengem Concours tëschent méi liesen…