Réckbléck: Welcome Day 2018

Wéi all Joer, zum Ufank vum Wantersemester, goufen och dëst Joer eng ganz Partie nei Erstien um traditionelle Welcome Day hei zu München vum LSM begréisst. Fir sie huet den Dag ganz gemittlech mat engem Brunch zesummen mam Comité am Augustiner Bürgheim ugefaange. Dat war dann och déi éischt Geleeënheet fir nach aner Lëtzebuerger kennen ze léieren, di dëst Joer hiren Studium zu München ugefaange hunn, an sech direkt en puer Tipps vun den méi erfuerenen Léit aus dem Comité ze huelen.

Nodeems da jiddereen säin Honger gestëllt, oder zumindest säin Hangover iwwerwonnen hat, ass di ganz Grupp op den Odeonsplatz gefuer wou mir dann och d’Oldies getraff hunn. Di haten nämlech zäitgläich hiren eegenen Brunch am Paulaner Brauhaus organiséiert.

Trotz dem schlechten Wieder hunn sech eng ganz Partie Leit ënnert der Feldherrenhalle zesummefonnt. Befir et lass konnt goen goufen d’Leit an 5 veschidden Gruppen opgedeelt, déi souwuel aus Oldies wéi och aus Erstien bestanen hunn. Nodeems d’Erstien, entspriechend der Traditioun markéiert goufen (net dass si wärend dem Rallye nach verluer gi) goung et dann och well lass. Ob di eenzel Teams hunn eng ganz Partie verschidden Spiller an Froen gewaart, déi et ze bewältegen gouff. Trotz der Erausfuerderung an dem villen Reen war d’Motivatioun vun den eenzelen Gruppen awer ongebrach, well ëmmerhin huet en flotten Präis ob den Gewënner gewaart.

No dëser ustrengender Tour queesch duerch d’Stad, ob der bestëmmt den Grondsteen fir déi eng oder aner nei Frëndschaft geluecht gouf, hunn sech d’Gruppen no dem leschten Spill am Wassermann Neuhausen erëm getraff fir sech ze wiermen an ze stäerken. Nodeems d’Punkten all ausgewäert waren konnt dann och den Gewënner vun dësem Joer bekannt gemaach ginn. D’Equippe vum Lola May huet den Dag iwwer di beschten Leeschtungen bewisen an krut dofir als Preis gratis Entrée ob den zwee Fräibéieren, déi den LSM am Laaf vum Joer organiséiert. Natierlech huet nieft dëser Bekanntmachung d’Virstellung vun all den Erstien, an d’Iwwerreechung vun hire Welcome Bags net feelen däerfen. Uschléissend gouf den Dag dann och entspaant ausklénge gelooss, an an enger lockerer Atmosphäre gefeiert, bis d’Bud schlussendlech zougemaach huet.