Réckbléck: Summerrees Malta

Evivva! Esou seet een ob maltesesch Prost, an dat Wuert ass eis aus der Summerrees sécher hänke bliwwen. Vum 26. bis de 29. ware mir nämlech zu 25 motivéierte LSM’er ob enger kultureller Rees zu Malta, der wonnerschéiner Insel um Fouss vun Italien.


26. Mee: Ugefaangen huet do eise Programm mat engem gemeinsamen traditionell malteseschem Iesse kuerz no der Arrivée am Hostel zu St. Julian’s. Mee fir och richteg an d’Summerrees ze starten, ass et dono direkt mat engem Pubcrawl weidergaangen. An net ëmsoss hu mir den Hostel zu St.Julian’s, der Partymeile zu Malta, geholl. Den Owend ass natierlech mat engem Détour an de Club ofgeschloss ginn an och bal jiddereen huet de Wee zeréck an den Hostel fonnt.


27. Mee: Den Dag drop stoung dann e bësse méi kulturellen Tour um Programm, mat enger Visitt vun der wonnerschéiner Stad Valetta. Owes ass dann endlech d’Iwwerraschung vum LSM enthüllt ginn an zesummen hu mir ob engem Partyschëff d’Säbele rasselle gelooss.


28. Mee: Lo ass et mol Zäit gi vun der Insel ze profitéieren. Fir d’éischt si mir mam Schëff an d’blue Lagoon a bei den Elefantefiels gefuer, fir do am Waasser eisen Hangover auszeheelen. Fir e puer Leit war dat wackelegt Boot awer kontraproduktiv, wisou den zweeten deel ëmsou méi Spaass gemaach huet. Ob der Insel Gozo nämlech ukomm, hunn do Quads ob eis gewaart, mat där mir d’Insel zesummen erkënnegt hunn. Mat engem leschte gemeinsamen Iessen huet dann eisen Owend fir eng gutt Partie opgehalen, domat mir fit den Dag drop um 5:00 eis ob de Wee ob de Flughafen an zeréck ob Münche maache konnten.