Réckbléck: Summerrees op Prag

En Donneschden Moien ass et um 7 Auer Moies um Gare zu München lassgaangen. Nach net ganz wakresch sinn mer dunn an den Bus geklommen an dem mer 5 Stonnen mat gudder Laun verbruecht hunn. Leider ass op der Rees selwer scho en klengen Accident op enger Raststädt geschitt an et huet een sech um Fouss wéigedoe. Dat konnt awer keen dovunner ofhalen nach flott puer Deeg zu Prag ze verbréngen.

Soubal mer zu Prag an eiser Jugendherberg ukomm sinn, ass et scho lassgaangen mat engem flotten Vëlostuer. Dobäi hunn mer wierklech vill vun der Stad gesinn an kruten vill erkläert. Hei huet een vun eisen zwee Guiden souguer puer Joer zu Lëtzebuerg gelieft an huet eis flott Saachen erzielt wei Lëtzebuerg an Prag duerch dem Jang den Blannen sengem Jong verbonnen sinn. Dem säin Jong war nämlech den Grënner vun der Stad Prag an d Lëtzebuerger Wopen ass souguer nach ëmmer um groussen Stadttor ofgebildt.

Owes hunn mer eis dann all zesummen an engem Restaurant zesummefonnt an hunn gutt giess an eis gestäerkt fir owes an den Club ze goen. Do waren mer am Roxy.

Den nächsten Daach hunn mer eng flott Besichtegung vum Jiddeschen Véierel gemaach an sinn dunn wieder an en Restaurant iessen gaangen den ganz no un eiser nächster Aktivitéit ass.

Den Highlight vun der Rees war definitiv eis Paintball Aktivitéit wou mer eis konnten ofschéissen an Spaass hunn fir puer Stonnen. No der Aktivitéit waren mer dann alleguer dankbar fir eng gutt Dusch an en gutt Iessen. Dono sinn mer an den gréissten Club vun Europa gaangen, den op ganzer 5 Stäck verdeelt ass. Op all Stack leeft eng aner Musek wou ënner anerem Oldies mä och Charts vertrueden sinn.

 

Den nächsten Daach sinn mer dann alleguer e bëssen ugeschloen vun dem ustrengenden Daach virdrunner an eng kleng Béierbrauerei gaangen. Hei kruten mer all eenzelen Béier vun hinnen ze schmaachen wou et souguer en gréngen Béier gouf. Mer konnten och gesinn wou den Béier gemaach gëtt an wei dat alles funktionéiert. Mer hunn dann och do giess an sinn dann dat bekannt Schlass vun Prag kucken gaangen, wat wierklech ganz impressionnant war. Owes sinn mer all zesummen an den Hard Rock Café gaangen an hunn ënner aneren en gudden Burger giess.

Dunn war och scho Zäit fir en traditionellen Pubcrawl den d Grupp vum Mathis, Jo, Lola M. an Elisa gewonnen huet. Zum Schluss hunn mer eis am leschten Café getraff an sinn vun do aus weider an den One Club gaangen, wou mer zesummen an dem Charel Donven säin Gebuertsdag eragefeiert hunn.

Den nächsten Daach war en aneren Highlight fir puer Leit: den Scavenger Hunt duerch d Stad. Hei missten mer verschidden Géigestänn sammelen, Fotoen an Videoen op bestëmmten Platzen maachen an Froen beäntwerten. All Aufgab hat bestëmmten Punkten an mer haten 2 Stonnen Zäit duerch d Stad ze rennen an souvill wei méiglech ze maachen. Hei huet d Grupp vum Noah, Jo, Lola B., Tiziana an Anne-Marie gewonnen.

No dësem ustrengenden Moien haten mer puer Stonnen Fräizäit bis mer rem missten an den Bus klammen an d Rees fir heem missten untrieden. Op der Réckrees gouf dunn och den Erstie des Jahres gewielt an dat gouf dëst Joer d’Anne-Marie Lutgen.

Am Groussen an Ganzen war et eng flott Rees mat gudder Stëmmung an vill Spaass.