Réckbléck: LSM-Rees op Dublin

LSMdublin11
Am Fliger

Den Donneschden Moien um 11:30 ass de Fliger mat 24 LSM’ler an Direktioun Dublin ofgehuewen an 2 Stonne minus 1 Stonn Zäitëmstellung méi spéit si mir op der grénger Insel gelant.

Dohanne goung et direkt sportlech lass mat engem Velostour bei déi flottste Platze vun der irescher Haaptstad. D’Belounung heifir war en éischten, erfrëschende Pint an en Menü am Pub „The Church“, ee Pub an enger aler Kierch. Fir d’Iren gëtt et keng Plaatz, déi sech net als Pub benotze loosse géing. Ofgeschloss gouf den éischten Dag dunn am Dicey’s Garden.

LSMdublin1
Velostour
LSMdublin32
Dicey’s garden

Den zweeten Daach war den Dach vun de Brenn- a Brauereien. Moies hunn mir eng Tour duerch d’Old Jameson Distillery gemaach a krute vum Billy erklärt wisou den iresche Whiskey besser ass wéi schotteschen oder amerikaneschen, nämlech well sinn en dräi Mol distilléieren a scho gebrauchte Fässer benotze fir en ze räifen. Dat dierfte mir eis natirlech och bei engem Tasting beweise loossen. Mëttes stoung dunn den absolute Must um Programm: d’Guinness-Brauerei, ee Béier Musée iwwert 5 Etagen. Hei goufe mir ënner anerem geléiert wéi en de Béier professionell schmaacht: eng Grouss Schlupp huelen, mat allen Deeler vun der Zong schmaachen an dann duerch d’Nues ausootmen. Och d’Zape vum perfekte Pint hunn mir eis zertifizéire gelooss a kënne mir lo an de CV schreiwen.

Jameson-Distillery
Jameson-Distillery
Zapen vum perfekten Pint
Zapen vum perfekten Pint

Héich opmierksam duerch den Afloss vu Guinness a Whiskey, krute mir dunn am Nomëtten nach vun engem Guide, deen och selwer Student ass, de berühmten Trinity College gewisen an erklärt. Hei huet zum Beispill den Oscar Wilde studéiert.

Trinity College
Trinity College

Owes war et dunn Zäit fir d’Kinneksdisziplin zu Dublin: een 9-Hole bei deem et drëms goung a méiglechst ville vun 9 Pubs een ze drénken. Wéi net anescht ze erwaarde geet hei d’Equipe em eise Prési Lou als déi treffsechersten an drenkfesteste vum Feld.

No enger weiderer laanger Nuecht am Dubliner Nuetsliewe war et dunn samschdes un der Zäit nach eppes aneres vun Irland ze gesinn. Bei traditionellem ireschem Wierder (Reen, Reen, Reen) hunn mir en Ausfluch mam Bus gemaach. Statioune waren hei de Luggala Lake, Glendalough a Kilkenny. Owes hunn mir da probéiert ob d’Pubs zu Kilkenny et mat deenen zu Dublin ophuele kennen an si konnten et definitiv. Sou ware mir ënnert anerem am Kyteler’s Inn, wou ee wéi am Keller vun enger Buerg souz.

Kilkenny Castle
Kilkenny Castle

Sonndes moies hunn dunn de Fränk an de Laurent déi top auszeschlofe Studente mat selwergemaachtem Rührei versicht fir de leschten Daach ze motivéieren. Hei hat een nach emol de Choix tëscht der National Gallery, engem Trip duerch 2 bekannt Kierchen oder dem Dubliner Zoo. Um 7 Auer owes si mir dunn all gesond a monter nees zu München gelant. Hei gouf dunn mat der Wahl zum Ersti vum Joer déi no der Presidentewahl an Amerika zweet wichtegst Wahl vum Joer ausgezielt. Ersti vum Joer 2016  gëtt hei de Sven Bettendorf virum Michelle Mirkes an dem Christophe Weiler. Fir déi déi nach net sou schnell Äddi soe konnte war dunn nach en After Iessen zu München.

Gruppefoto um Flughafen
Gruppefoto um Flughafen

De Comité seet jidderengem dee matgaangen ass Merci fir déi openeits onvergiesslech Rees an déi flott Gruppendynamik déi sech zu Dublin entwéckelt huet!

Hei fannt dir d’Brochure vun der Rees: Brochure-Dublin