Réckbléck + Fotoen: Oktoberfest Intercercle

14606548_1813011808918014_1189268642328252003_nScho fir déi 2. Kéier hunn sech, net nëmmen déi Münchener, mee och nach lauter aner Studenten aus 17 verschiddene Cerclen zesumme fonnt, fir um weltberühmten Oktoberfest ze feieren!

D’Intercercle, déi um leschte Weekend vum Oktoberfest war, also vum 29.09 bis den 01.10, huet Donneschdes Owes mat engem gemittlechen awer och scho sëffegen Owend am Löwenbräukeller en gudde Start fonnt.

Weider gaangen ass et dunn direkt Freides moies, wou mir eis schonn um 9 Auer Rendez-vous ginn haten, fir ganz fir beim Hacker-Pschorr Festzelt (Himmel der Bayern) ze stoen an era konnte stierme soubal d’Dieren opgaange sinn. Voller Elan a Motivatioun hunn do also 121 Studenten zesumme gefeiert, op de Bänke gedanzt an och déi eng oder aner Maß gedronk. Bis um 11 Auer, wou d’Zelter zoumaachen, si mir net heem gaangen an och dono war en Deel vun eis net ze stoppen! After-Wiesn Party war ugesot, wou bis spéit an d’Nuecht eragefeiert gouf!

Samschdes hu mir dunn den Dag en bësse méi gemittlech gehalen, an hunn eis eréischt Mëttes getraff fir dat schéint Nymphenburgerschloss ze besichen. Och wann deen een oder aneren et net bis dohi gepackt huet, war et trotzdem en flotten Ofschloss vun enger gelongener Intercercle.

Domat kenne mir just Merci soe fir déi amüsant 3 Deeg zu München a freeën eis schonn iech all nächst Joer op eiser traditioneller Intercercle erëmzegesinn, wann et op de Wiesn nees heescht „O’zapft is!“!