Kitzbühel 2016 : Réckbléck + Fotoen

Och 2016 ass den LSM nees fir den éischte Weekend vum Joer den 8-10. Januar an d’Tiroler Bierger bei Kitzbühel gefuer wou mir Stammgascht an der Sonnalm uewen um Bierg sinn. Dëst Joer hate mer wesentlech méi Chance mam Wierder wéi lescht Joer, sou dat mir vum ganzen Ëmfang vum Skigebitt profitéiere konnten. Souguer déi legendär Streif iwwert den Hahnekamm bis rof op Kitzbühel, konnt mat de Skier oder dem Snowboard probéiert ginn.

IMG_0447

Nieft dem Ski- a Snowboardfuere waren d’Sauna an déi divers Happy Hours an der hauseegener Schirmbar d’Highlights vun dëser Vakanz. Owes bei der 2. Ronn Après-Ski ass et eis och nees ganz gutt gelongen eisen éisterräichesche Kollegen e bësse lëtzebuergesch Kultur mat ze ginn („Kättche, Kättche“, „Un der Atert“).

Mir soe jidderengem Merci dee mat war op dësen onvergiessleche Schiweekend!

IMG_0482

Den Datum fir 2017 steet och scho fest: de 6-8. Januar.