Réckbléck: Ersti-Pubcrawl 2021

Den 21. Oktober haten mir eist éischt Event fir dëst Wantersemester, den Ersti-Pubcrawl. Jiddereen, deen nei zu München ass, war agelueden, an hat déi éischt Méiglechkeet, déi aner Erstien, an den Comité, kennen ze léieren.

D’Erstien hunn sech zesummen mam Comité um Odeonsplatz getraff, an opgedeelt an 4 Gruppen à 9 Erstien an 2 Comité-Memberen hunn se sech dann op den Wee gemaach, fir déi verschidden Caféen zu München ze entdecken.

Den Pubcrawl gouf mat engem klengem Concours tëschent den eenzelnen Gruppen verbonnen, an zum Schluss hunn mir eis alleguer an eisem Stammlokal, der Klenze 17 rëm getraff, woubäi déi eng oder aner Grupp en klengen Retard hat…

Do gouf dann och d’Gewënnergrupp  vum Nicolas Thomé an Manu Feyereisen annoncéiert, déi dann och hiren wuelverdéngten Preis iwwereecht kruten. Insgesamt haten mer eng agreabel Soirée, an mir soen Merci un jiddereen deen dobäi war!