Réckbléck: Chrëschtfeier 2019

De 14. Dezember hat den LSM seng alljärlech Chrëschtfeier, déi dëst Joer awer an engem anere Kader wéi déi Jore Virdrun ofgelaf ass. Aplaatz sech „just“ op een Dinner an engem bayresche Restaurant ze treffen, hu mir dëst Jor an der Bar „Lehel“ eng Soirée Privée organiséiert. Nodeems mir eis bei engem 5-Gäng Flying Dinner Menü verwinne gelooss hunn, ass dunn nach bis 2:30 Party gemaach ginn. Déi läscht Stonne vun dëser Soirée sinn anscheinend net méi all Member am Gedächtnis verbliwwen.
Natierlech duerft och de Kleeschen héchstperséinlech op dëser Feier net feelen an huet deen een oder anere „Blue Seppl“ Shot mat eise Membere gedronk.
Ausserdeem gouf nach bekannt gemaach dass d‘Lsm Summerrees 2020 op Budapest wäert goen.

Mir hoffen et huet jiddereen sech gutt ameséiert an den LSM wënscht schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an d’neit Joer