Als offiziellen Ofschloss vum Comitéjoer 2021/2022 gouf de 15. Juli d’Assemblée Générale am Paulaner Bräuhaus ofgehalen. Gutt versuergt mat Béier a gestäerkt mat engem Menü mat Dessert koum et sou zu där eng oder anerer Diskussioun iwwer déi vergaangen Aktivitéiten. Zousätzlech gouf dem aale Comité Merci gesot fir hire staarken Asaz no denen organisatoresch schwéiere Corona Joren.

Natierlech gouf duerno dann och den néie Comité fir d’Joer 2022/2023 gewielt.
Gewielt gouf:

Gianni Di Paoli – President
Max Ganser – Vize-President & Tresorier
Félix Mertens – Sekretär
Marguy Poissonnier – Team Event
Felix Schwartz – Team Event
Maya Lenertz – Team Event
Lisa Wolles – Sponsoring
Louis Ewen – Webmaster
Raphaël Grober – Sportminister

Mir wënschen dem neie Comité vill Erfolleg fir d’Zukunft a soe Merci un jiddereen dee bei eisen Aktivitéiten derbäi war!