Dëst Joer hat sech de LSM eppes ganz neies afale gelooss, amplaz de Bayreschen Owend gouf et ee Lëtzebuerger Owend. Ugefange gouf den Owend mat engem Keelen Tournoi, duerno gouf et dann ee Menü mam Haaptplat Fritten Ham an Zalot. Natierlech gouf et och de Fausti ze héieren.

Fir den Owend ofzeschléisse gouf et och nach ee Quiz an natierlech eng Tombola. Insgesamt hunn 60 Memberen op dësem Owend deelgeholl.