
Welcome-Day 2023
21.10.2023 - 13:00
Nodeems da Mëtt Oktober fir all Mënsch dat neit Semester wäert ugefaangen hunn, gëtt et dann och Zäit fir den traditionelle Welcome-Day vum LSM. Dëse fënnt den 21. Oktober 2023 statt. Hei geet et haaptsächlech drëms déi nei Studenten zu München z’empfänken an hinnen d’Stad an den LSM méi no ze bréngen. Awer och all eis, méi oder manner, al Membere begréisse mer erëm zu München.
Wann’s du Ersti bass, kanns du och op eisen Ersti-Brunch kommen. Do leiers du schonn all déi aner Erstien kennen. (Wann dat um Ersti-Pubcrawl nach net sollt geschitt sinn 😉)
Duerno fënnt ee Rallye duerch München mat verschiddene Statiounen an Aufgaben esou wéi Froebéi statt, wou d’Erstien den LSM mat sengen treie Memberen an d’Stad besser kenne léieren.
Owes gi mir dann all zesummen an dee berüümten Augustiner-Keller iessen, fir den Dag zesummen auskléngen ze loossen. 🍻
Rendez-vous fir d‘Erstien ass um 10.00h bei den Augustiner Bräustuben, a fir d‘Oldien um 12.15h um Odeonsplatz.
De Präis fir de Welcome-Day ass 15€. Fir um Welcome-Day deelzehuelen, brauchs du eng aktuell Memberskaart vum LSM. Wann’s de nach keng hues, kanns de eng op eiser Website http://member.lsm.lu ufroen.
Mir hoffen Iech zu vill do ze gesinn, fir mateneen ee gudde Start an dat neit Semester ze feieren! 🎉🍻
Ären LSM-Comité💙
Umeldung
Wann's du nei zu München bass a nach kee Kont bei eis hues kanns du dech ganz einfach hei registréieren.
Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.