Welcome Day

Welcome Day

17.10.2026 - 10:00

Nom Start an d’Wantersemester ass et héich Zäit fir den traditionelle Welcome-Day vum LSM.
Dêse fennt samsdes den 17. Oktober 2026 statt.
Hei geet et haaptsächlech dorëms déi nei Studenten zu München z’empfänken an hinnen d’Stad an den LSM méi no ze bréngen. Awer och all eis trei Membere begréisse mir erëm zu München. Wann’s du Ersti bass, kanns du och op eisen Ersti-Brunch kommen. Duerno maache mir ee Rallye duerch München. Mat verschiddene Statiounen an Aufgaben esou wéi Froebéi, léieren d’Erstien aner Erstien, aner LSM Memberen an awer och d’Stad besser kennen.
Owes gi mir dann all zesummen an den Donisl iessen, fir den Dag zesummen auskléngen ze loossen.
Rendez-vous fir d’Erstien ass um 10h00 beim „Zum Franziskaner“ (Residenzstraße 9, 80333 München), a fir d’Oldien um 12h15 um Odeonsplatz. Méi genau Detailer zum Oflaf kommen nach am Laf vun der nächster Woch.
De Präis fir de Welcome-Day ass 20€.
Fir um Welcome-Day deelzehuelen, brauchs du eng aktuell Memberskaart vum LSM. Wann’s de nach keng hues, kanns de eng op eiser Website ufroen. (https:// Ism.lu/memberskaart/)

Mir freeën eis drop mat iech an dat neit Semester ze starten:))

Umeldung

Du muss ageloggt sinn, vir dech kënnen vir dëst Event unzemellen. Login