Wanterrees op Kitzbühel
05.01.2024
„Auffe aufn Berg und oba mit de Ski” heescht et rëm vum 05. – 07.01.2024
Mir fuere rëm ob Kitzbühel⛷️🏂
De Comité ass frou Iech eis beléifte Skirees op Kitzbühel annoncéieren ze kënnen. Des fënnt den éischte Weekend am Januar vum 5. bis de 7.01 statt.
Wat huet Kitzbühel alles ze bidden?
D’Sonnalm an der mir schlofe läit uewen um Bierg, direkt ob der Skipist. D.h. moies kann een direkt aus dem Bett an d’Skischung klammen. No engem erfollegräiche Skidaag kënnt den Après-Ski an der Schirmbar natierlech och net ze kuerz, déi bis zum Last-Man ophuet. Fir all déi, déi nom Skifueren léiwer bëssen entspanen, kënnen dat an der berüümter Sauna maachen.
Natierlech steet de Weekend ganz am Numm vum Skifueren! Fir hei matzegoen, braucht dir awer net zwéngend Skikenntnisser. Am Fall wou dir nach ni Ski gefuer sidd oder iech onsécher ob der Skier fillt, bidde mir iech eng Skischoul un, un der dir deelhuele kennt🏔️
Wéini geet et da lo endlech lass?
Mir fuere Freides, de 5. Januar (géint 6h30) zesumme mam Bus um Ostbahnhof fort. Zréck ob München geet et dann de 7. Januar no der leschter Abfahrt, em 17h🚌
Wéi vill kascht mech dës Rees ob Kitzbühel?
De Skiweekend kascht 200€. Am Präis mat dra sinn den Transport, 2 Iwwernuechtunge souwéi Moies- an Owesiessen. De Skipass fir déi 3 Deeg wäert dëst Joer 181,50€ kaschten. D’Sue fir de Skipass musst dir den éischten Dag selwer bor am Bus dobäi hunn.
Wéi kann ech mech umellen?
D’Umeldung geet den 26. November um 20 Auer ob!
Dir kënnt iech ënnert folgendem Link umellen: https://forms.gle/dQdQ23R3uSvZWWqo6
Maacht iech bei, well et ginn am ganzen des Joer nëmme 17 Platzen. Dir kritt eng Mail wou dra steet ob der dobäi sidd oder op der Waardelëscht sidd! Fir dass eis Erstien och eng Chance hunn un dësem flotte Weekend deelzehuelen, hale mir déi éischt 24 Stonne vun der Umeldung 4 Platze fir si fräi.
Wichteg: Bei der Umeldung hunn eis Membere Virrang, d.h. Éiren-Membere ginn hannen op d’Waardelëscht gesat.
Mir freeën eis ob ee flotte Skiweekend mat iech!🎿
Ären LSM-Comité💙
Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.