Wanter Fräibéier
28.11.2026 - 21:00
Léif LSM-Memberen, München ass als Béiermetropol bekannt, a fir dësem Ruff och all Éier ze erweisen organiséiere mir den 28.11 eisen traditionelle Wanterfräibéier. Ab 21h an der „Alte Galerie“ heescht et dann „O‘ zapft is“
Eis LSM-Membere kënnen hei fir 17€ Entrée (26€ fir déi ouni Memberskaart) de ganzen Owend Béier drénken.
D’Unzuel u Leit ass limitéiert also maacht iech bäi!
Déi, déi eng Entrée um Welcome-Day gewonnen hunn, mellen sech trotzdeem wannechgelift iwwer eise Site un a kräizen dëst bei der Umeldung un.
Mir freeën eis op iech, Ären LSM Comité
Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.