Wanter-Fräibéier

Wanter-Fräibéier

24.11.2023 - 21:00

Wann een eppes als Student zu München kënne muss, dann ass et Béier drénken. Mir ginn iech d’Méiglechkeet dëst ob eisem Wanter-Fräibéier de 24.11 ab 21 Auer an der Klenze 17 ze üben, respektiv och schonn ze beweisen!😉 Fir 12€ (20€ fir déi ouni Memberskaart) Entrée erwaarden iech genuch Liter frësch gezaapte Münchener Béier. Awer och un déi deenen d‘Béier net sou zouseet ass geduecht. Am Präis mat dran ass nämlech och een Apérol/Hugo op de Kapp.🍻

Wéi ëmmer musst dir iech iwwert eise Site umellen. D’Unzuel u Leit ass limitéiert also maacht iech bäi!

Déi déi eng Entrée als Gewënn vum Welcome-Day ze gutt hunn, mellen sech trotzdeem wannechgelift iwwer eise Site un a kräizen dëst bei der Umeldung un. 📝

Mir freeën eis op iech 🍺

Ären LSM-Comité 💙

Umeldung

Du muss ageloggt sinn, vir dech kënnen vir dëst Event unzemellen. Login