Volleyball Tournoi
27.06.2026 - 10:00
Léif Memberen,
Gläich ass et nees souwäit an dir kënnt är Volleyball-Kënscht op den Terrain bréngen! De 27. Juni organiséiere mir nees am Englesche Gaart de Volleyball-Tournoi. Dir sidd invitéiert op e sportlechen Dag op deem Kompetitioun a Spaass net ze kuerz kommen.🏐
Start ass um 10 Auer, déi genee Location kënnt nach no. 📍
D’Gewënnerekipp kritt natierlech och e klénge Präis! 🏆Fir d’Gedrénks wärend de Matcher ass gesuergt, a nom Tournoi verbrénge mir de Rescht vum Owend och nach gemitterlech zesummen am Englesche Gaart. Dir kënnt iech dofir ab haut als Ekippe vu 4-5 Léit (et däerfen awer ëmmer just 4 Spiller um Feld sinn) umellen
Du wëlls matspillen, hues awer keng Ekipp? Da mell dech als Eenzelpersoun un, mir probéieren dann eng Ekipp fir dech ze fannen.
Fir matzespille braucht dir eng Memberskaart, déi dir awer och den Dag selwer op der Plaz kënnt kréien.
Mir freeën eis op iech!
Ären LSM-Comité💙
Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.