Starkbierfest

Starkbierfest

20.03.2026 - 15:45

Léif Memberen,
Dir braucht net méi allze laang ze waarden, dann ass et erëm souwäit: d’Starkbierfest um Paulaner Nockherberg steet virun der Dier! 🍻

Nieft dem Frühlingsfest an dem Oktoberfest ass dëst eng weider schéi Münchner Traditioun, déi am fréie Fréijoer a ville verschiddene Braukeller gefeiert gëtt. Dës Traditioun kënnt vun de Paulaner-Mönchen, déi wärend der Faaschtenzäit zur Stäerkung „flëssegt Brout“, wat d’Faaschten net brieche géing, zou sech geholl hunn.
Astelle kennt dir iech ob Truecht, bayresch Musek a Starkbier, och als Fastenbock bekannt. Mee opgepasst, den Alkoholgehalt ass beim Starkbier ëm 8 Prozent däitlech méi héich wéi bei engem normalen Helles.

Mir freeën eis iech matzedeelen, dass mir iech eng Plaz um LSM-Dësch den 20.03. vu 16h00 bis 22h30 um Starkbierfest am Nockherberg ubidde kënnen.

Treffpunkt ass dofir um 15h45 beim Paulaner am Nockherberg, Hochstr. 77, 81541 München.
Fir 19,50€ kritt dir eng Plaz um Dësch an direkt eng Mass an d’Hand gedréckt. D’Plaze sinn ob 30 Leit limitéiert dofir maacht iech bäi.

Mir freeën eis op iech!
Ären LSM-Comité 💙

Umeldung

Du muss ageloggt sinn, vir dech kënnen vir dëst Event unzemellen. Login