Soirée de rencontre – Paul Wurth

Datum/Zeit
Date(s) - 02/11/2016
18:00 - 23:59

Veranstaltungsort
Unionsbräu

Kategorien


Paul_WurthLéiw Memberen,

Den 2. November ass et nees sou weit, an des Kéier fir éischt am neie Semester. Ee vun eisen Haaptsponsore kennt op München fir sech eis virzestellen. Dobäi geet et em Paul Wurth, engem vun de Weltmaart-führer wat technologesch Léisunge fir Problemer ugeet. Si dierften haaptsächlech fir Studente vun de Verschiddenen Ingenieur Disziplinnen Interessant sënn.

Si beschreiwen hier Aktivitéite selwer als a folgende Beräicher ugesidelt:

Feasibility studies;
Plant condition audits;
Conceptual, basic and detail engineering;
Project management;
Plant and components supply;
Fabrication of key components in dedicated workshops;
Turnkey projects;
Assistance in plant assembly and commissioning;
Technology and operation consultancy;
Customer support services;
Original spare parts.

Bei dëser Soirée gi mir alleguer an Tracht, respektiv am Dirndl. Mir wären frou wann dir iech no Méiglechkeet un dëse ‚Dresscode‘ haalt.

Lass geet et um 18:00 am Unionsbräu um Max-Weber-Platz.

Uschléißend gett et nach en Iessen an Dir sidd alleguer agelueden nach méi laang ze bleiwen an mat de Mataarbechter vun Paul Wurth an Kontakt ze trieden an hinnen Froen ze stellen.

Loosst iech déi eemoleg Chance net entgoen!

Bis dann!

Bookings

Fir dës Aktivitéit kann ee sech net méi/nach net umellen.