Soirée de Rencontre – Beissel & Ruppert
22.10.2026 - 18:30
Den 22. Oktober kréie mir zu Münche Besuch vum Bureau Beissel & Ruppert Engineering and Consulting. Beissel & Ruppert bitt Berodungsservicer a Projetmanagement am Beräich vu Bauprojeten un, souwéi Servicer am Beräich vun der Bauleitung fir Infrastrukturprojeten.
!! D’Event riicht sech u Studenten aus de Beräicher Architektur, Bauingenieurswiesen, Maschinnebau, Elektro, etc.
No der Presentatioun vun der Entreprise, hutt dir dono d’Méiglechkeet bei engem Iessen mat de Vertrieder vun eisem Partner an d’Gespréich ze kommen an Informatiounen iwwer potenziell Stagen an Aarbechtsplazen ze sammelen.
Dat ganzt fënnt um 18:30 an eisem Stammlokal, der Klenze 17 statt.
Mir freeën eis op e flotten Owend mat eisem Partner an iech zesummen!
Ären LSM Comité
Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.