Pubquiz

Pubquiz

06.11.2025 - 18:30

Léif LSM-Memberen,

De 6. November ass Konzentratioun a Grips gefuerdert. Beim Pubquiz an der Klenze 17 kënnt dir äert Wëssen ënner Beweis stellen. 

Treffpunkt ass um 18:30 an um 20:30 gëtt dann eng kleng Paus gemaach, wou dir eppes an der Klenze iesse kënnt.

Gespillt gëtt a Gruppe vu 5-6 Leit an d‘Participatiounskäschte leie bei 2€ pro Persoun. Kuckt w.e.g. dass dir déi Owes buer matbrengt.

Fir mat derbäi ze si kënnt dir iech ab haut iwwert eise Site umellen. Fir zesummen an enger Equipe ze spille, muss sech jiddereen aus der Grupp mam selwechten Teamnumm umellen. Dir kënnt iech awer och eenzel oder a klenge Gruppen umellen. An dem Fall setze mir iech da bei aner Leit dobäi. 
 
D’Gewënner kënne sech dann iwwert ee Cadeau vun eis freeën. 
 
Fir matzemaache brauch dir eng aktuell LSM Memberskaart. 
D’Umeldung ass bis de 4.11 méiglech.
 

Ären LSM-Comité💙

Umeldung

Du muss ageloggt sinn, vir dech kënnen vir dëst Event unzemellen. Login