Pubquiz

Pubquiz

09.11.2023 - 18:30

Den 09.11. fënnt wéi all Joers rëm de Pubquiz an eisem Stammcafé der „Klenze 17″ statt.

Dofir treffe mir eis um 18:30 am Café. Um 20:30 maache mir dann eng kleng Paus wou dir eppes an der Klenze iesse kënnt.
Gespillt gëtt a Gruppe vu 5 – 6 Leit an d’Participatiounskäschten leie bei 2€ pro Persoun. Kuckt w.e.g. dass dir déi Owes dobäi hutt.

Fir matzemaachen, kennt dir iech ab haut iwwert eise Site umellen. Fir zesummen an enger Equipe ze spille, muss sech jiddereen aus der Grupp mam selwechten Teamnumm umellen. Dir kënnt iech awer och eenzel oder a klenge Gruppen umellen. An dem Fall setze mir iech da bei aner Leit dobäi. D’Gewënner kënne sech dann iwwert ee Cadeau vun eis freeën. D’Umellung ass bis den 09.11 méiglech.

Ären LSM-Comité💙

Umeldung

Du muss ageloggt sinn, vir dech kënnen vir dëst Event unzemellen. Login