Oktoberfest Intercercle 2026
01.10.2026
Endlech ass et souwäit an dat gréisste Volleksfest vun der Welt steet nees virun der Dier. Dofir invitéiert den LSM iech ganz häerzlech op säin Oktoberfest-Intercercle vum 01.-03. Oktober🍻. Lass geet et Donneschdes, wann den LSM iech op ee Welcome-Patt an eisem Stammcafé „Klenze 17“ invitéiert. Freides moies treffe mir eis dann an eiser schéinster Tracht, well et geet de ganzen Dag op d’Wiesn, wou mir mat masseg Béier a Maßform bei exzellenter Stëmmung a flotter Musek ustousse kënnen. Samschdes kënne mir eis da bei engem Brunch an engem leschten Tour iwwert d’Wiesn owes zesummen erhuelen. Den Intercercle kascht 35€. Am Präis abegraff sinn de Welcome-Patt souwéi de Brunch. Mir bidden och Schlofplaze bei eise Memberen un, do gëllt wéi sou üblech „first come, first served”. D’Plaze si limitéiert, also maacht iech bäi.
Mir freeën eis op iech!
Ären LSM 💙
Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.