
LSM meets LSWü: Chrëschtmaart zu Regensburg
02.12.2023 - 12:25
Samschdes den 2. Dezember fuere mir zesummen ob Regensburg ob de Chrëschtmaart. Do treffe mir eis mam LSWü – De Lëtzebuerger Studente vu Würzbuerg – fir mat hinnen den een oder anere Glühwäin ze drénken an e flotten Nomëtten ze verbréngen 🎄
Dofir treffe mir eis um 13:15 um Hauptbahnhof fir zesummen um 13:44 den Zuch ob Regensburg ze huelen. Sidd weg. alleguer pünktlech do! Mir wäerten dann um 15:15 zu Regensburg ukommen. Fir zeréck huele mir Owes rëm den Zuch um 20:53, soudass mir um 22:17 zu Münche wäerte sinn. 🚂
Fir all déi déi den 29€ Ticket hunn, ass den Zuch gratis. Fir all déi aner gëtt den Dag selwer um Hauptbahnhof ee Bayernticket kaf, den iech tëschent 12,60€ a 27€ hin an zréck kaschte kann.
Umelle kënnt dir iech ab elo bis den 1. Dezember.
Ären LSM-Comité 💙
Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.