LSM goes Starkbierfest

LSM goes Starkbierfest

15.03.2024

Léif Memberen,

Dëst Joer wäerte mir nees zesummen op d‘Starkbierfest am Paulaner Nockherberg goen. Nieft dem Frühlingsfest an dem Oktoberfest ass dëst eng weider schéi Münchener Traditioun, déi am fréie Fréijoer a ville verschiddene Braukeller gefeiert gëtt. 🥨 Des Traditioun kennt vun de Paulaner-Mönchen, déi wärend der Faaschtenzäit zur Stäerkung „flëssegt Brout“, wat Faaschten net brieche géing, zou sech geholl hunn. Astelle kënnt dir iech ob Truecht, bayresch Musek a Starkbier, och als Fastenbock bekannt. Den Alkoholgehalt ass beim Starkbier mat 7,5 Prozent däitlech méi héich wei bei engem normalen Helles. 🍻

Mir freeën eis Iech matzedeelen, dass mir Iech eng Platz um LSM-Dësch den 15.03. vu 16h00 bis 22h30 um Starkbierfest am Nockherberg ubidde kennen. Treffpunkt ass dofir um 15h45 beim Paulaner am Nockherberg, Hochstr. 77, 81541 München. 📍 Fir 18€ kritt dir eng Platz um Dësch an direkt e Mass an d’Hand gedréckt. D’Platze sinn ob 30 Leit limitéiert dofir maacht iech bei. 😊

Mir freeën eis ob Iech!
Ären LSM-Comité 💙

Umeldung

Du muss ageloggt sinn, vir dech kënnen vir dëst Event unzemellen. Login