Kitzbühel

Kitzbühel

02.01.2026

„Auffe aufn Berg und oba mit de Ski“ heescht et nees vum 02-04.01.2026.
Mir si frou iech eis alljährlech, legandär Skirees op Kitzbühel annoncéieren ze kënnen.🎿

Wat huet Kitzbühel alles ze bidden?
D’Sonnalm, an där mir schlofe, läit uewen um Bierg direkt un der Skipist. Sou verléiere mir moies keng Zäit a kënnen direkt an de Spaass starten.
No engem hoffentlech erfollegräichem Skidaag dierf dann den Après-ski an der Schirmbar, déi bis zum Last-Man ophuet, net feelen.
Ween sech vu Ski a Party bëssen erhuele muss, kann et sech an der beléifter Sauna bequeem maachen.

• Weini geet et da lo endlech lass?
Mir fuere Freides, den 2. Januar géint 7h zesumme mam Bus um Ostbahnhof fort. Sonndes, de 4. Januar geet et dann ëm 17h, no der leschter Abfahrt, zréck ob München.

• Wéi vill kascht mech dës Rees ob Kitzbühel?
De Skiweekend kascht 215€. Am Präis mat abegraff sinn den Transport, 2 Iwwernuechtunge souwéi d’Moies- an d’Owesiessen. De Skipass fir déi 3 Deeg wäert dëst Joer 202,50€ kaschten. D’Sue fir de Skipass musst dir den éischten Dag selwer bor am Bus dobäi hunn.

• Wéi kann ech mech umellen?
D’Umeldung geet de 24. November um 20 Auer ob!
Dir kennt iech ënnert follgendem Link umellen:

Maacht iech bei, well et ginn am ganzen nëmmen 22 Plazen!

No der Umeldung kritt dir eng Mail wou dra steet ob der dobäi oder op der Waardelëscht sidd!
Well mir eisen Erstien gäre weise wëllen, wéi flott dës Rees ass, hale mer déi éischt 24 Stonne vun der Umeldung 3 Plaze fir Sie fräi!

Wichteg: Bei der Umeldung hunn eis Membere Virrang, d.h. Eiren-Membere ginn hannen op d’Waardelëscht gesat.

Mir freeën eis ob e flotte Skiweekend mat iech!
Ären LSM-Comité 💙

Umeldung

Du muss ageloggt sinn, vir dech kënnen vir dëst Event unzemellen. Login