Drees & Sommer Informatiounsowend
27.11.2025 - 18:00
Léif Memberen,
De 27. November kréie mir zu Münche vun engem international renomméierten Ingenieursbüro Besuch: Drees & Sommer Luxembourg stellt sech am Kader vun der Soirée de rencontre vir. Als Planungs- a Berodungsbüro si si am Bau- an Immobiliesecteur aktiv a betätegen sech un all Beräich aus dem Liewenszyklus vun engem Gebai, vun der Konzeptioun bis bei de Recycling.
Den Oflaf vum Owend ass wéi follgend: No der Presentatioun vun der Entreprise, hutt dir dono bei engem gemeinsamen Iessen d’Méiglechkeet mat de Vertrieder vun eisem Partner an d’Gespréich ze kommen an Informatiounen iwwert potenziell Stage-/Aarbechtsplazen ze sammelen.
Dat ganzt fënnt um 18h00 an eisem Stammlokal, der Klenze 17 statt.
D’Umeldung ass ab elo iwwert follgende Link méiglech:
Mir freeën eis op en informatiounsräichen Owend mat eisem Partner an iech zesummen!
Ären LSM Comité 💙
Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.