De Studentebal 2023

De Studentebal 2023

14.07.2023

Dëst Joer fënnt den traditionelle „De Studentebal“ den 14. Juli statt an zwar wéi gewinnt op der Wiss nieft dem P&R Bouillon, souwuel am Zelt wéi och dobaussen! 🎉😊
Zesumme mat senge Cerclë wäert d’ACEL – de Studentevertrieder nees fir en onvergiessleche Bal suergen. Nieft dem normale Gedrénks bidden déi verschidde Cerclen och nees hier Special Drinks un, esou datt fir all Goût eppes dobai ass, an dat zu studentefrëndleche Präisser 🍺🍹🍾

Fir den Honger virun oder nom feieren suergt och dëst Joer nees ee Cercle, sou dass dir net hongereg musst heem goen 🌭🍟

Dir sidd ee schlaue Fuss, da kommt éischter op de Bal : Vun 20-22h ass Happy Hour!

Umeldung

D'Umeldung ass net méi op