Chrëschtmaart-Crawl

Chrëschtmaart-Crawl

16.12.2022 - 18:00

Den 16. Dezember ass dann ee vun eisen neien Eventer, nämlech de Chrëschtmaart-Crawl. Wei den Numm et scho verréit, wäerte mir deen Owend op deene verschiddene Münchener Chrëschtmäert ënnerwee sinn, wou mir déi flott Ambiance, dat gutt Iessen an natierlech de Glühwäin genéisse wäerten.🎄

De Start ass um 18h00 um Chrëschtmaart op der Münchner Freiheit. Dann géinge mir weider goen op Mittelalterweihnachtsmarkt beim Odeonsplatz. Dorops hin gëtt dann den nächste Glühwäin um Chrëschtmaart am Kaiserhof vun der Residenz gedronk. Als gudder Lescht loosse mir de Crawl dann um Wintertollwood auskléngen.☃️

Wei üblech leeft d’Umeldung iwwert eise Site.

Fir déi Leit, déi vläicht nokommen, mir plange pro Chrëschtmaart ongeféier eng Stonn an an dir kennt natierlech dem léiwen DaSeppl oder engem Comités-Member schreiwe wann dir eis net fannt. Schreift dëst w.e.g. bei der Umeldung an d’Kommentarfeld derbäi📝

Mir freeën eis mat Iech op den een oder anere Glühwäin unzestoussen.

Ären LSM-Comité💙

Umeldung

Du muss ageloggt sinn, vir dech kënnen vir dëst Event unzemellen. Login