
Chrëschtmaart-Crawl
16.12.2023 - 18:00
Léif Memberen,
Den 16. Dezember ass déi zweet Editioun vum Chrëschtmaart-Crawl. Wei den Numm et scho verréit, wäerte mir deen Owend op deene verschiddene Münchner Chrëschtmäert ënnerwee sinn, wou mir déi flott Ambiance, dat gutt Iessen an natierlech de Glühwäin genéisse kënnen.🎄
De Start ass um 18h00 um Chrëschtmaart beim Sendlinger Tor. Da gi mir weider op de Marienplatz. Den nächste Glühwäin fannt dir dann um Chrëschtmaart am Kaiserhof vun der Residenz, ier et viru bei d‘Münchner Freiheit geet. Zu gudder Lescht loosse mir de Crawl dann am Olympiapark auskléngen.⛄
Op deene verschiddene Plaze kritt dir ëmmer eng kleng Aufgab, déi dir a Gruppe musst bewältegen. Zum Schluss waart dann och ee klenge Kaddo op d‘Gewënnergrupp!Wei üblech leeft d’Umeldung iwwert eise Site.
Fir déi Leit, déi vläicht nokommen: mir plange pro Chrëschtmaart ongeféier eng Stonn an. Dir kënnt natierlech dem léiwen DaSeppl oder engem Comités-Member schreiwe wann dir eis net fannt. Schreift dëst w.e.g. bei der Umeldung an d’Kommentarfeld derbäi 📝
Mir freeën eis mat Iech op den een oder anere Glühwäin unzestoussen.
Ären LSM-Comité💙
Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.