Chrëschtfeier

Chrëschtfeier

09.12.2022 - 19:00

De lëschte Mount vum Joer steet un a Chrëschtdag steet virun der Dier. 🎄⛄ Dofir wëlle mir Iech häerzlechst ob eis Chrëschtfeier den 09. Dezember am Restaurant „Zum Franziskaner“ invitéieren.

D’Chrëschtfeier wëlle mir och nees ënnert dem Motto “Chic/Casual Chic” ofhalen, sou dierft dir erëm äre Kostüm oder äre Rack auspaken an ob eiser Chrëschtfeier ausprobéieren, ob dee nach passt.

Fir d’Participatiounskäschte vu 45€ erwaarden Iech dann ee flotte 3-Gänge Menü an dräi Gedrénks. De genaue Menü fann dir hei:
https://lsm.lu/wp-content/uploads/2022/12/Menu_Chreschtfeier-1.pdf

Am Laf vum Owend erwaart Iech dann déi eng oder aner Iwwerraschung, wou eventuell och de Kleeschen a seng Hëllefer deenen LSM’er déi sech gutt geschéckt hunn, eng kleng Freed mécht. 🎁🎅

Wei ëmmer braucht dir eng aktuell LSM-Memberskaart fir Iech unzemellen. D’Umeldung geet Mëttwoch den 23.11.2022, um 20:00 ob. D’Platze sinn ob 80 Leit limitéiert. Also maacht Iech bäi!

Sidd dir net ënner deenen 80 éischte Persounen, kommt dir ob eng Waardelëscht an hutt nach d’Méiglechkeet nozerutschen.

Ären LSM-Comité 💙

Umeldung

Du muss ageloggt sinn, vir dech kënnen vir dëst Event unzemellen. Login