Chrëschtfeier

Chrëschtfeier

09.12.2023 - 19:00

D’Joer geet sou lues ob een Enn a Chrëschtdag waart op eis 🎄Dofir luede mir Iech ganz häerzlech ob eis Chrëschtfeier den 09. Dezember um 19h00 am Restaurant Bellevue an.
Hei wäerte mir bei engem leckeren Iessen a gudder Ambiance den Ufank vun der Chrëschtzäit genéissen.

Fir dass äre Rack oder äre Kostüm net am Schaaf verstëbst, wäerte mir den Owend och rëm ënnert dem Motto „Chic/Casual Chic” organiséieren.

Fir d’Participatiounskäschte vu 45€ erwaarden Iech dann ee flotten 3-Gänge Menü souwéi 3 Gedrénks🍽️🍷 De genaue Menü fann dir hei: https://lsm.lu/wp-content/uploads/2023/11/Menu_Chreschtfeier.pdf

All déi LSM’er déi sech iwwert d’Joer gutt geschéckt hunn, kënne sech iwwert de Besuch vum Kleeschen a sengen Hëllefer freeën, déi bestëmmt fir si e Kaddo dobäi hunn🎅🎁

Wéi ëmmer brauch dir eng aktuell LSM-Memberskaart fir deelzehuelen.
Umelle kennt dir iech ab Donneschten den 23.11.2023 um 20h00.

D’Platzen si limitéiert, also maacht iech bei.

Mir freeën eis zesumme mat iech Chrëschtdag anzelauden
Ären LSM-Comité💙

Umeldung

Du muss ageloggt sinn, vir dech kënnen vir dëst Event unzemellen. Login