Beerpongliga 2024

Beerpongliga 2024

03.11.2024 - 18:00

Léif LSM-Memberen,
Et ass endlech sou wäit! Och dëst Joer organiséiere mir rëm eng Beerpongliga 🍻

Wat ass dat a wéi leeft dat of?
Hei mellt een sech an 2er-Teams un. Da gëtt wärend dem Wantersemester
an enger Gruppephase géint all aner Equipe aus ärer Grupp gespillt. Dofir sollt dir iech dann ëmmer bei enger vu beiden Equipen doheem treffen. Dir kënnt iech natierlech och zu méi Equipen treffen. D‘Zil ass hei niewt dem Beerpong, och är Géigner besser kennenzeléieren an ee flotten Owend mateneen ze verbrengen!

No der Gruppephase kommen dann déi Bäscht aus all Grupp an d‘Halleffinale an an d‘Finale déi mir an engem Café spille wärten. Do hoffen mir natierlech ganz vill Leit ze gesinn, dei eis Beerpongmeeschteren ufeieren kommen! 🎉
Dëst wärt ongeféier Mëtt/ Enn Januar sinn, mee de genauen Datum deelen mer iech nach speider mat.

🏆 Fir dat eis Gewënner och mat engem Präis kënne belount ginn, muss all Equipe 10€ als Startgeld bezuelen. Dat heescht 5€ op de Kapp.

Du bass interesséiert? 😊
Dann sich der schnell ee Beerpongpartner a mell dech den Donneschden um 18h un.
Plazen si limitéiert also maacht iech bäi!
D‘Umellung bleiwt bis de Sonnden 18h op.

Wann dir et dann an eis Beerpongliga gepackt hudd, wärte mer iech nach ee Link fir an eis Whatsapp-Grupp schécken, wou dir nach weider Informatiounen kritt.
Mir hoffen op eng flott a fair Beerpongliga!

Ären LSM-Comité 💙

P.S. : Pro Equipe brauch och nëmmen eng Persoun iech unzemellen a dei Persoun soll dann och weg déi 10€ iwwerweisen.

Umeldung

Du muss ageloggt sinn, vir dech kënnen vir dëst Event unzemellen. Login